



E ganzen Dag mam Lizzie ënnerwee!
Muuuu – d’Kou Lizzie muss scho fréi aus dem Stréi, schliisslech hëlleft se mueres dem Bréifdréier d’Post ausdroen. Nom Spaghetti-Iesse puddelt se mat hire Kolleegen an der Baach an dann ass den Dag och scho bal ëm. Séier nach an d’Buedbidden an da gëtt sech erëm an d’Stréi geduckelt.
Erlieft e flotten Dag mam Lizzie an hire Frënn um Bauerenhaff a léiert esou ganz niewebäi
déi wichtegst Begrëffer am Dagesoflaf kennen.
ISBN : 978-2-9198-1383-4
Präis : 14 €
Karton
Vu 3 Joer un

D'Lizzie an de Rallye am Reen
Dat gëtt et dach net! D’Lizzie huet sech esou op de Rallye um Bauerenhaff gefreet. Elo reent et
riichteran a si an hir Frënn langweile sech dobannen.
Mee do huet d’Lizzie eng Iddi a scho kuerz drop fänkt eng turbulent Sich duerch d’ganzt
Haus un. An op eemol ass de Reen och net méi esou schlëmm. Plätschnaass sti se virum Bréifdréier senger Dier.
Ob en déi naass Band a seng Stuff léisst?
ISBN : 978-2-91981-3759
Präis : 17 €
Vu 4 Joer un

D'Lizzie ass flemmseg
D’Lizzie ass haut flemmseg.
Si huet keng Loscht, d’Bréiwer auszedroen, a spille wëll se scho guer net. Déi aner Déieren um Bauerenhaff probéieren, se opzemonteren, ma et gléckt hinnen net.
Wéi se dunn ouni d’Lizzie spille ginn, mierke se, datt dat vill manner Spaass mécht. A wéi d’Lizzie gesäit, datt se hire Kolleege feelt, ass hir schlecht Laun op eemol ewéi ewechgeblosen.
ISBN : 978-2-9198-13568
Präis : 17 €
Vu 4 Joer un

Kommt mat bei d'Lizzie op de Bauerenhaff!
Der Kou Lizzie hir Welt.
Kennt dir schonn d’Hong, dat ëmmer Detektiv spillt?
Oder dat, dat gären danzt? Wësst dir, wou d’Lizzie sech am léifste verstoppt? A mat wat d’Déiere sech bei guddem Wieder gären ameséieren?
Et gëtt esou vill ze entdecken um Bauerenhaff – am Geméisgaart, am Stall, an den Hecken … Maacht iech op d’Sich a léiert de Bauerenhaff mat all sengen Déieren a Saache kennen.
E grousse Spaass fir déi ganz Famill.
ISBN : 978-2-9198-1359-9
Präis : 16,50 €
Vu 3 Joer un