
Ech fäerten dach keng Hexen!
Si hu kropeg Fangeren, si gebockelegt, ëmmer schwaarz gekleet an hunn
e spatzen Hutt op ...
Hexe maachen engem nawell gär Angscht, si si schlau a richteg nidderträchteg!
Ma an dësem Buch fënns du eng ganz Rëtsch vun absolut genialen Tricken,
wéi een d’Hexe mat hiren eegene Waffe schloe kann.
Abrakadabra, schapp dech!
ISBN : 978-9-9959-5645-5
Präis : 13,50 €
Vu 5 Joer un

Ech fäerten dach keng Albdreem!
Wien huet nach ni sou richteg elle gedreemt an der Nuecht?
Datt een an e Lach fält oder e Béisen engem noleeft , an et kënnt een net vum Fleck?
Glécklecherweis ginn et e puer genial Tricken, wéi een esou Albdreem lassgëtt.
Grujeldreem – maacht iech heem!
ISBN : 978-9-9959-5646-2
Präis : 13,50 €
Vu 5 Joer un
Ech fäerten dach kee Monster!
Et gëtt vill Zorte vu Monsteren:
grousser, klenger, sabbeleger, pickeger, knoutereger …
Ma richteg schro ass keent vun en all - si gesi just esou aus!
ISBN : 978-9-9959-5626-4
Präis : 13,50 €
Vu 5 Joer un
Ech fäerten dach kee Wollef!
Ween huet als Kand net emol ënnert dem Bett nogekuckt,
ob sech do kee Wollef géif verstoppen?
Esou e buuschtegen, verréckte Wollef kann engem schonn Angscht maachen.
Ma dëst Buch weist, datt se net esou schro sinn an ee se liicht verjoe kann.
ISBN : 978-9-9959-5627-1
Präis : 13,50 €
Vu 5 Joer un