top of page
Bandeau Patchwork.jpg
Cover Watgelift_ .jpg

WATGELIFT 

 

D’Kressida ass eng léif Fee, déi esou gär deenen aneren e Wonsch erfëllt.

Leider héiert si net gutt a versteet net alles richteg.

Dowéinst geet beim Zauberen esou munches schif ...

Isabelle Hild - Andréi Clontea

Lektorat: Sonia Thewes

ISBN :  978-9-9959-5680-6 

Präis : 18,5 €

Vun 4 Joer un

Cover BD Patchwork Tome 1 LUX.jpg

Meng Patchwork-Famill  

 

Ech hunn eng formidabel Patchwork-Famill.

Zënter engem Joer huet sech bei eis vill geännert...

Am Laf vun der Zäit, vun de Joreszäiten, vu schéinen a schwéiere

Momenter, kuerz, am Laf vum Alldag kucke mir op d‘Lila a seng Famill.

Einfach a beweegend Geschichte weisen, datt d’Liewen ëmmer e wonnerbaart Abenteuer bleift.

Marie Isabelle Callier

ISBN :   978-9-9959-5653-0

Präis : 15,5 €

Vun 4 Joer un

Cover BD Patchwork Tome 1 FR.jpg

 Ma Famille Patchwork est une famille formidable. 

Que de changements en un an…

Au fil du temps, des saisons, des hauts et des bas, de la vie tout simplement, allons à la rencontre de Lila et de sa famille au travers d’histoires à la fois simples et touchantes qui font que la vie reste une merveilleuse aventure. 

Thème : Persévérence - Confiance en soi - Partage

ISBN :    978-9-9959-5652-3

Präis : 15,5 €

Vun 4 Joer un

Cover Dans le vendtre.jpg

D’Mamma kritt e Puppelchen 

 

Firwat gëtt der Mamma hire Bauch ëmmer méi ronn? 

E léift Buch, fir de Kanner ze erzielen, datt eng 

Schwësterchen oder e Bridderchen ënnerwee ass. 

ISBN :  978-9-9959-5680-6 

Präis : 11,5 €

Vun 1 Joer un

Cover Au Dodo.jpg

Mir ginn elo schlofen  

 

‘t ass Zäit fir schlofen ze goen. 

E klengt Buch iwwert de laange Wee bis an d’Bett. 

ISBN :   978-9-9959-5679-0 

Präis : 11,5 €

Vun 1 Joer un

Cover Grand Père Bromera BD.jpg

Grousspappen, Piranhaen an aner Geschichten

 

Den Nico a säi Bopa verbrénge vill Zäit mateneen:

Si gi fëschen, Vëlo fueren, de Bopa hëlleft bei de Rechenaufgaben an den Nico hëlleft dem Bopa, wann en net eens gëtt mam Handy. 

Natierlech nëmmen, wann net grad geféierlech Piranhaen hannert hinnen hier sinn …

Vun de Grousseltere kënne mer vill léieren, mat hinne kann ee vill Spaass hunn a

si sinn ëmmer fir een do. 

Wéi wichteg de Kontakt tëschent Grousselteren an Enkelkanner ass, weist dëst Buch op eng ganz witzeg a léif Aart a Weis.

ISBN : 978-9-9959-5677-6

Präis : 16,50 €

Vu 4 Joer un

Cover Grand Père.jpg

De magesche Kompass

 

De Pätter huet ëmmer en Trick op Lager ...

Wat huet hien dës Kéier wëlles ?

Well seng Enkelkanner sech langweilen, kroopt de Pätter säi magesche Kompass eraus.

Zesummen erliewen si e puer rasant Abenteuer uechter d’ganz Welt.

ISBN : 978-9-9959-5641-7

Präis : 17,50 €

Vu 4 Joer un

Format: 240 x 260 mm

Saïten: 32

Site Montagne de livres.jpg

E Bichertuerm bis an den Himmel

 

Wéi e Fliger um Himmel ze fléien … de Luca war iwwerzeegt, datt hien dat enges Daags géif fäerdegbréngen. En huet sech all méiglech Flilleke gebastelt, huet esouguer dem Chrëschtkëndche geschriwwen.

Ma näischt huet eppes gedéngt.

Dunn awer huet seng Mamm him e Buch an de Grapp gedréckt a gesot, et kéint een och op eng aner Manéier fléien.

An obschonns de Luca dat am Ufank net verstanen huet, huet et geklappt.

 

 

 

ISBN : 978-9-9959-5662-2

Präis : 16,50 €

Vu 4 Joer un

Site Potager.jpg

Wee geeschtert a menger

Kichen erëm?

 

Wie geeschtert a menger Kichen erëm?

 

E Monster dreift sech am Elli senger Kichen erëm.

Wéi kann hatt em erëm lassginn?

Komm mam Elli op en aussergewéinlecht Abenteuer duerch déi fantastesch Welt am Gaart an entdeck, wéi eng geheim Kraaft am Uebst an am Geméis ass.

ISBN : 978-9-9959-5631-8

Präis : 18,50 €

Vu 4 Joer un

bottom of page