De Wollef deen d’Sprooch verluer hat
Enges Mueres erwächt de Wollef ouni Stëmm. E ka maachen, wat e wëll, et kënnt keen Toun aus senger Schnëss. Wéi wa bannen an em dran en décke Knuet wier …
Mat der Hëllef vu senge Frënn an engem drolegen Zauberer fënnt e seng
Sprooch erëm.
Kënnt elo säi klengt Geheimnis un d’Liicht?
​
ISBN : 978-2-9198-1336-0
Präis : 13,50 €
Vu 4 Joer un
De Wollef deen u seng Dreem gegleeft huet
De Wollef huet esou vill Dreem!
Wéi e Villchen ze fléien, de Kleeschen ze treffen, Zauberer ze ginn …
Wéi en amplaz vu sengem Zant eng Gromper ënner sengem Kappkësse fënnt,
setzt en se einfach an de Gaart, obschonns seng Frënn duerwéinst
de Geck mat him maachen. Ma vläicht ass et jo eng magesch Gromper?
​
ISBN : 978-2-9198-1323-0
Präis : 13,50 €
Vu 4 Joer un
De Wollef gëtt gär Chef am Bësch
Am Bësch deet sech eppes:
D’Wëllef wielen e Chef!
Dat ass et nach ni ginn!
De Wollef, d’Joffer Yeti an de Joshua hunn sech op d’Lëscht gesat.
Wie gewënnt dës Walen? A wéi wäert deen neie Chef seng Aarbecht maachen?
Well Chef ze sinn, dat ass net esou einfach, wéi ee kéint mengen.
​
ISBN : 978-2-9198-1312-4
Präis : 13,50 €
Vu 4 Joer un
De Wollef deen net méi wollt zu Fouss goen
Entdeck d’Geschichte vum Wollef an engem Buch,
wou s de mat de Fangerspëtzen alles ertaaschte kanns.
De Wollef wëll net méi zu Fouss goen.
E Vëlo, Schi oder e Moto sinn dach méi flott, fir vun der Plaz ze kommen.
Ma de Wollef muss erkennen, datt engem net ëmmer alles Mooss ass ...
​
ISBN : 978-99959-5691-2
Präis : 14,90 €
Vu 4 Joer un