
Meng Wallis voller Wëssen 2
An dëser Këscht fënns du véier Bicher fir mam Wëllefchen
déi véier Joreszäiten ze entdecken an éischt Begrëff er ze léieren iwwer:
- d’Formen
- d’Géigendeeler
- d’Zifferen
- d‘Faarwen
ISBN : 978-9-9959-5663-9
Präis : 18,50 €
Vun 2 Joer un

De Wëllefchen wëll net an d’Bett
Et ass Zäit fir an d’Bett.
Ma de Wëllefchen ass net midd.
Hie wëll nach gär spillen, Geschichte lauschteren a mat der Mamma schmusen.
Am léifsten déi ganz Nuecht.
ISBN : 978-9-9959-5660-8
Präis : 6,95 €
Vun 2 Joer un

De Wëllefchen verkleet sech
Fir dat grousst Schoulfest wëll sech de Wëllefchen als Ritt er verkleeden.
D’Mamma an de Pappa hëllefen him, eng richteg flott Rüstung ze bastelen.
A mat Schwäert a Schëld eruewert en tatsächlech eng Buerg.
ISBN : 978-9-9959-5661-5
Präis : 6,95 €
Vun 2 Joer un
Hopp an d’Dada, Wëllefchen
Et ass geschwënn Zäit fir an d’Bett.
D’Spillsaache raumen, de Pyjama undoen, d’Zänn wäschen ...
an da gëtt eng Geschicht gelies!
E Ritual, op dat sech de Wëllefchen all Owend freet.
ISBN : 978-9-9959-5651-6
Präis : 16,50 €
Vun 2 Joer un

De Wëllefchen geet op d’Rees
De Wëllefchen a seng Famill ginn an d’Vakanz.
Dës Kéier fléie si mam Fliger!
D’Abenteur fänkt schonn um Fluchhafen un: Alles ass ganz nei fir de Wëllefchen.
An hie mierkt, datt Reesen e grousst Abenteuer ass.
ISBN : 978-9-9959-5638-7
Präis : 6,95 €
Vun 2 Joer un

De Wëllefchen deet sech ganz eleng un
Eng léif a luusseg Geschicht vum Wëllefchen.
De Wëlleche läit mueres waakreg am Bett .
Wéi wier et, wann e sech haut géif ganz eleng undoen?
Esou schwéier kann dat net sinn.
D’Mamma kann herno nëmme staunen.
ISBN : 978-9-9959-5637-0
Präis : 6,95 €
Vun 2 Joer un

De Wëllefchen ass schlecht gelaunt
Haut geet de Wëllefche mat der Mamma an dem Babywollefsmeedchen an de Park.
Et geet awer näischt esou, wéi hien dat wëllt.
Hie granzt, hie motzt, hien ass schlecht gelaunt!
D’Mamma mengt, et wier elo un der Zäit, datt de Wëllefche léiert, seng Emotiounen ze beherrschen …
ISBN : 978-9-9959-5622-6
Präis : 6,95 €
Vun 2 Joer un

De Wëllefchen wäscht sech ganz eleng
Haut kënnt de Wëllefchen, zesumme mam Babywollef, zimmlech knaschteg aus dem Park heem! Allez, hopp! An d’Buedzëmmer!
Dat ass déi Geleeënheet fir de Wëllefchen, fir ze weisen, datt hie sech ganz eleng wäsche kann, wéi e grousse Wollef. Bravo Wëllefchen!
ISBN : 978-9-9959-5621-9
Präis : 6,95 €
Vun 2 Joer un

De Wëllefchen brauch d’Suckel net méi
Haut wëllt de Wëllefchen seng Suckel op kee Fall hierginn.
Mä d’Mamma an de Pappa halen awer drop:
Schliisslech ass hie kee Baby méi!
Wéi soll et hinne geléngen ?
ISBN : 978-9-9959-5630-1
Präis : 6,95 €
Vun 2 Joer un

De Wëllefchen huet gutt Manéieren!
De Wëllefchen ass bei seng Kusinn Luana op de Kaffi invitéiert. Ma déi zwee schéngen
hir gutt Manéiere vergiess ze hunn.
Kee vun hinne benotzt d’Zauberwuert.
Ma do hunn d’Mammen eng Iddi!
ISBN : 978-9-9959-5625-7
Präis : 6,95 €
Vun 2 Joer un

De Wëllefchen fäert, wann et däischter ass
Haut den Owend geet de Wëllefchen an d’Bett.
Awer et ass ganz schéin däischter a sengem Zëmmer.
A wann dann e Monster ënnert sengem Bett verstoppt wier ?
ISBN : 978-9-9959-5609-7
Präis : 6,95 €
Vun 2 Joer un

De Wëllefchen ass frou mat sengem Nuckel
Haut huet dem Wëllefchen seng Mamma decidéiert,
datt hien säin Nuckel net méi brauch.
A wann de Wëllefchen senger Mamma da géif weisen, wat säin Nuckel alles kann?
ISBN : 978-9-9959-5607-3
Präis : 6,95 €
Vun 2 Joer un

Mam Wëllefchen sech undoe léieren
Haut deet de Wëllefche sech ganz eleng un, wéi e Groussen.
Hopp, knäppt en de Kalzong zou.
Klick, maachen d’Klippe vun der Salopett.
Ritsch, ginn d’Schung festgezunn ...
Et ass richteg flott, sech unzedoen!
ISBN : 978-2-7338-5492-1
Präis : 18,50 €
Vun 2 Joer un

De Wëllefchen wëllt net opraumen
Wéi de Wëllefchen aus der Schoul kënnt, street hie seng Saachen an der Entrée, am Salon... an iwwerall doruechter am Haus!
Glécklecherweis hunn d’Mamma an de Pappa genuch.
Iddien, fir him beim Opraumen ze hëllefen.
ISBN : 978-9-9959-5649-3
Präis : 6,95 €
Vun 2 Joer un

De Wëllefchen geet bei d’Bomi an de Bopi
Haut geet de Wëllefchen bei d’Bomi an de Bopi fir de Weekend.
Hien ass e bësselchen opgereegt.
A wat soll hien zwee Deeg laang ouni d’Mamma an de Pappa maachen?
ISBN : 978-9-9959-5650-9
Präis : 6,95 €
Vun 2 Joer un